PWA - EWC
8 H of Watkins Glen
Date: 04.06.2022
Team: Coyote Racing
Drivers: Joel Duton / Guy Cailliau
Car: Porsche GT3 R
Qualy: 34 / 35
Race: 27 / 35
GT3 Class: 11 / 17
Nürburgring Endurance Championship - Race 3
Date: 28.05.2022
Team: Desperado Motorsport
Drivers: Guy Cailliau / Joel Duton2
Car: BMW M4 GT3
Qualy: 10 / 55
Race: 2 / 55
GT3 Class: 2 / 55
PWA - EWC
24 H of Le Mans
Date: 14.05.2022
Team: Coyote Racing
Drivers: Joel Duton / Guy Cailliau / Sammy Loeb
Car: Porsche GT3 R
Qualy: 33 / 38
Race: 32 / 38
GT3 Class: 9 / 13
Nürburgring Endurance Championship - Race 2
Date: 23.04.2022
Team: Coyote Racing
Drivers: Joel Duton2 / Guy Cailliau
Car: BMW M4 GT3
Qualy: 51 / 58
Race: 5 / 58
GT3 Class: 5 / 58
PWA - EWC
12 H of Hockenheim
Date: 02.04.2022
Team: Coyote Racing
Drivers: Joel Duton / Guy Cailliau
Car: Porsche GT3 R
Qualy: 24 / 24
Race: 21 / 24
GT3 Class: 6 / 9
Iracing 12 Stonnen Bathurst 2022.
Date: 12.02.2022
Start Time: 08:00 hrs
Team1: Desperado Motorsport
Drivers: Joel Duton / Guy Cailliau
Car: Ferrari 488 GT3 Evo 2020
Qualy: 15 / 48
Race: 1 / 48
______________________________________________________________________________________
Debriefing:
Joël Duton:
get net vill ze soen, Start iwwerliewt, dono konstant an ouni Teidschen ze fabrizeieren iwwer Ziel gerullt an verdengt gewonnen.
Guy Cailliau:
Och hei get et net vill ze soen, konstant an ouni Fehler teschend den Maueren erduerch kommen.
Next Course: 12 H Sebring um Porsche 911 GT3 R
Joël
Iracing 12 Stonnen Bathurst 2022.
Date: 12.02.2022
Start Time: 08:00 hrs
Team2: Bratwurst Racing
Drivers: Claude Feltus / Georges Goedert / Steve Jung
Car: Ferrari 488 GT3 Evo 2020
Qualy: 7 / 48
Race: 12 / 48
______________________________________________________________________________________
Debriefing:
Steve Jung:
Doduerch dass eis Kollegen vun Low Grip Racing net starten konnten, konnten mer den Steve Jung iwerzeechen fier eis matt ze fueren. Um Startstint war hien opgereecht, awa direkt eng ordentlech Rennpace. Keng grouss Anormalien während dem Stint.
2. Stint idem, neit ze soen.
3. Stint: idem, neit ze soen. Hien war den schnellsten vun eis !!! ouni scheiss ze bauen. !!
Georges Goedert:
Och hei eng solid Course gefuer zum Schluss, den Goergi huet missten an sein Rythmus kommen, Leider am eischten Stint een selwer verscholten crash, dono nach 3 aanerer, awer onverschold. Vir deen Rescht, solid Performance, Ronnenzeiten tiptop, neicht auszesetzen.
Claude Feltus:
1 Stint een Dreiher deen net vill Zeit kascht huet. Konstant Pace ofgeliwwert. An sech keen Schued um Auto gemaach.
2 Stint een Crash selwer verschold, well ze seier.
3 stint nenker een Crash, awer net Schold dorunner.
Fazit an Reprochen:
Eng 12 Plaatz am General, hihi, hätten mir all oppgepasst noom Practice, vlait och deen richtegen Setup ze lueden amplaatz matt enger Baseline ze fueren. Do senn mir alleguer selwer Schold an war kengem vun eis oppgefall. Mir kruuten vill Luew, fier eist fairt fueren, siew et vun eisem Team 1, an oder aaneren Equippen. Denken matt bessi mei Training kommen mer och un eis Team 1 vlait enker drun.
Claude
Iracing 24 Stonnen Daytona 2022.
Date: 22.01.2022
Start Time: 08:00 hrs
Team: Coyote Racing
Drivers: Joel Duton / Guy Cailliau / Claude Feltus / Georges Goedert / Marc Reuter / Da Costa Michel
Car: Ferrari 488 GT3 Evo 2020
Qualy: 20 / 48
Race: 4 / 48
_________________________________________________________________________________________________
Debriefing:
Joel Duton:
um Startstint richteg opgereecht, Zidderer an den Feiss an den eichten 10 Minutten. Dono eng ordentlech Rennpace, vun Startpositioun 20 bis ennert dei eicht 10 gefuer. Keng grouss Anormalien während dem Stint.
2. Stint idem.
3. Stint: direkt am ufank Kollisioun matt engem weiss-gielen BMW ( BMW haat sech gedreint ugangs Oval an ass mol einfach sou ouni ze kucken opt Streck zreckgefuer. Ech hun en mam Frontspoiler an senger Beifuererdiir getraff, daat direft jo alles soen ) Dommader op der Riichter teschend 5 an 8 Km/h verluer. Zeiten vun 1:46.000 woaren meiglech soudass ech keen Pitstop ageluecht haat.
4. Stint an der Nuecht, Pace gudd, alles normal, ouni Probleemer.
Leschten Stint no engem Crash vum Reuter Marc viirzeiteg den Volant iwwerhol an nach probeiert, dei 3 Plaatz am General zreckzekreien. Daat woar nemei meiglech an sin dun secher iwwert Ziellinn gerullt.
Guy Cailliau:
Den Guy setzt sech einfach an den Auto, konzentreiert sech op säin Stint, blennt einfach alles aus an liwwert of. Ech hun zwar lo net all Stint vun Ufanks bis Enn verfollegt, mee kann lo neicht negatives feststellen. 2 bessi mei haarig Manöver konnt ech mattkreien, mee och dei kruut den Guy jujust nach gerett. Am groussen an ganzen: Net dei schnellsten Pace, mee dei secherst iwwert dei ganz 24 Stonnen verdeelt.
Claude Feltus:
Hei sief erwähnt dass ech och net all Stint vun jidderengem verfollegt hunn. Ech geif mol soen eng solid an konstant Pace ofgeliwwert, villeicht net dei besten Iwwersiicht an der Course ( villeicht Oppreegung oder nach net dei richteg Erfahrung am Traffic ) doduerch bedengt 2 Dreiher ouni Impakt. An sech keen Schued um Auto gemaach, dovir och aus menger Siicht top gefuer. Eenzegen Negativ-Aspekt: Zevill am schwätzen iwwert Funk an Direktiven vum Teamchef net direkt emgesaat ( Autoen dei mei schnell woren einfach zelaang opgehaalen an doduerch Zeit verluer )
Georges Goedert:
Och hei eng solid Course gefuer, ech konnt 2 Impakter gesin, deen eichten dovir konns de net, do huet einfach deen virun dir ze fest gebremst an et woar keng Ausweichmeiglechkeet mei do. Kee Probleem, daat huet nix kascht. Den 2 Incident hun ech mer an Zeitlupe puer mol ugekuckt, an do geif ech soen, dass de mindestens 50 % Deelschold haas, den Ferrari virun der woar zwar Grottelues, mee daat misst de awer bemierkt hun. Vir deen Rescht, solid Performance, Ronnenzeiten tiptop, neicht auszesetzen. Ech denken, datts du am leschten Stint vun mir probeiert hues, den Tank respektiv Pneuen anzestellen, dest via Crew-Spotter. Daat woar secherlech gudd gemengt, mee daat geed besser wann den aktuellen Chauffeur daat selwer mescht, an mengem Fall per Knäppercher um Steierrad.
Marc Reuter:
Ech woar begeeschtert dovunner, watts du am Ufank gefuer bass, dei eicht 3 Stinten virun allem. Daat woar Top an du hues mäin Respekt dovir. Vu que dass et vir eis all dei eichten Endurance woar, ass der och däin leschten Incident ze verzeihen. Just muss de analyseieren wei et dozou kommen konnt. Ech hun en net mattkritt an kann och net doriwwer jugeieren. Daat eenzegt waat ech kann soen. No deem Incident ass souvill iwwer Discord diskuteiert gin ( 10 Minutten minimum ouni Paus ) dass ech dovunner ausginn, dass de deng Konzentratioun net mei oprecht erhaalen konns ( Villeicht och bedengt duerch Positioun am Rennen ) Hei heescht et " Keep cool ", Kopfhoerer ausschalten, voll Konzentratioun ouni Gebraddels op den Stint. An een gudden Root: Vergiess dei scheiss Zäiten an Positiounen, schalt dei Funktiounen einfach aus an fuer einfach een Rythmus, deen der leit, siehe mäin leschten Stint. Vir dei eichten Endurance trotzdeem net schlecht, well mir mussen jo dovunner ausgoen, daat KEEN esou een Resultat erwaart huet.
Michel Da Costa:
Extreem ugespaant um eichten Stint, no puer Minutten awer een gudden Rytmus fonnt an beibehaalen. Nodeems den Drock bessi fort woar och an den nexten Stinten eng gudd Performance ofgeliwwert. Een klengen Abflug ( No Videoiwwerpreifung woar et Eegenverscholden ) woar leider dran, mee ausser den Guy an den Claude, hun mer alleguer Teitschen gemaach, an daat geheiert och dozou. Eierlech gesoot sin ech dovunner ausgaang, daat mer ALLEGUER Teitschen maachen, mee ech denken, bedengt doduerch daat keen LMP2 op der Piste woar, ass eis daat erspuert bliwwen.
Fazit an Reprochen:
Eng 4 Plaatz am General? Daat hätt keen, ech widderhuelen KEEN vun eis erwaart. Dovir ass daat waat mer geleescht hun schon alleng doweinst bemierkenswert. Dovir een groussen Merci un iech all, well der mäin Team sou gudd represonteiert huet. Nexten Keier fueren ech och gären an ärem Numm, wann een well :-)
Mir kruuten vill Luew, siew et vun LowgripRacing oder vun den Last Place Heroes aus Amerika. Dovir sin ech der Meenung daat mer eist Team bessi zesummenhalen an ennerteneen traineieren.
Als eenzeg Reproch ( aus menger Perspektiv ) get einfach zevill iwwer Discord geschwaat, an zwar zu 80 % waat neicht oder villeicht bedengt matt der Course zedin haat. An deen nexten Punkt ass einfach: Mir sin lo op 4 verschiddenen Simulatoren gefuer, matt natiirlech 4 verschiddenen Astellungen. Wann mer do nach bessi openeen duerkommen, brauchen mer amfong guer nemei, oder just nach aus purem Jux mateneen ze schwätzen an kontrolleiert eis Stinten ze fueren.
Bon, am Numm vun COYOTE RACING an LAST PLACE HEROES, soen ech iech all Merci vir dei eicht, an hoffentlech net dei lescht Endurance. Dei next ass iwwrigens 12 H Bathurst Enn Februar.
Huelt desen Message net als Kritik op, mee als Ausgangspunkt zum besser gin. Ech sin kengem beis iwwert daat waat alles geschitt ass, mee ech huelen daat als Usporn, vir nexten Keier eventuell begaangen Fehler nemei ze maachen an besser ze gin.
Bon, am Numm vum COYOTE RACING Team, merci vir liesen.
Joel
Iracing Roar
Date: 15.01.2022
Start Time: 13:00 hrs
Driver: Joel Duton / Porsche 718 Cayman GT4 Clubsport MR
Qualy: 43 / 49
Race: 11 / 49
Date: 14.01.2022
Start Time: 23:00 hrs
Driver: Guy Cailliau / Porsche 718 Cayman GT4 Clubsport MR
Qualy: 17 / 49
Race: Disconnected